top of page

Oktoberfest Hesper 2025

Sam., 27. Sep.

|

Centre Joseph Altmann zu Hesper

Et ass erëm souwäit. Leet är Leederhose respektiv ären Dirndl prett! Déi 2ten Editioun vum Oktoberfest zu Hesper wäert den 27. September 2025 am neie Centre Civique zu Hesper stattfannen. Mat bayrescher Kascht a Musek wäerte mir Iech ab 19h iwwert e ganzen Owend bis an de freie Moie begleeden.

Oktoberfest Hesper 2025
Oktoberfest Hesper 2025

Wou & Wéini

27. Sep. 2025 19:00 – 28. Sep. 2025 02:00

Centre Joseph Altmann zu Hesper, 9 Rue de Bettembourg, 5810 Hesperange, Lëtzebuerg

Iwwer dëst Event

Zousätzlech zu engem vun den 3 Menu’en kann nach eng Weisswurscht oder eng Bayern-Platte fir 2 oder 4 Persounen dobäi bestallt ginn.


An all Menu inclus:

  • Entréesticket

  • 1 Iessen (Hax, Poulet oder Käsespätzle)

  • 1 Gedrénks (alles wat als Eenzelgedrénks op der Kaart steet)


Pro Buchung wäerten all betreffend Persounen beieneen op engem Dësch setzen. Zousätzlech hudd der och d’Méiglechkeet beim Ofschloss vun der Buchung eng Präferenz unzeginn ob der léiwer méi no oder méi wäit vun der Bühn wëllt fortsetzen. Ausserdeem kënnt der eis eng aner Buchungsnummer uginn, am Fall wou der gären mat anere Läit zesumme sëtzt déi scho gebucht hunn.


*Ass den Ticket eemol kaaf, gëtt dësen net méi rembourséiert. Ausser am Fall vun der Ofso vum Event duerch den Organisator.

Umeldung

  • Entréesticket

    Entréesticket ouni Iessen a ouni reservéiert Sëtzplaz

    €15.00

    Sale ended

Share This Event

Brown Paper

Näischt verpassen

  • Instagram
  • Facebook

Thanks for submitting!

© 2024 Mammejongen ASBL

powered by: Mediabox

bottom of page