

Wien si mir?
Vill Läit froe sech wat dann eigentlech hannert dem Veräin mam ongewéinlechen Numm „Mammejongen ASBL“ stécht an dat och zurecht wëll hannert dem Numm stiechen 13 jonk Männer mat enger kloerer Missioun: Finanziell sou vill wéi méiglech déi Läit ënnerstetzen déi et dréngend brauchen. Heibäi hu mir eis bis elo ëmmer op Organisatiounen konzentréiert déi Kanner ënnerstëtzen déi et opgrond vu verschiddenen Ëmstänn net einfach hunn.
Gegrënnt am Joer 2017 hu mir eis zu Häerz geholl Eventer zu Lëtzebuerg ze organiséieren, aner Eventer mam Verkaf vun Iessen an Gedrénks ze ënnerstëtzen an dobäi ëmmer fir gutt Stëmmung ze suergen. All Joers iwwerleeë mer eis nei u wee mer den erschaffte Gewënn spenden.
Nodeems mer éischt eegen Eventer organiséiert hunn an op villen anere groussen Eventer (ING Marathon, Nationalfeierdag, etc.) mam Verkaf vun Iessen présent waren, huet sech bei ville vun eise Memberen déi familiär Situatioun geännert a mir kënnen net méi op enge sëllegen Eventer présent sinn. Soumat hu mer decidéiert d’Unzuel vun den Eventer erofzefueren, mee eis dofir haaptsächlech nach op eis eegen organiséiert Eventer ze konzentréieren (Petanque- an Darts-Tournoi). Och Kalenneren, déi mat Hëllef vun de Kanner gemaach ginn, ginn all Joers verkaf an och dëse Benefice gëtt integral gespend.
Wat mir déi lescht Joeren leeschte konnten, woubäi och Corona eis net stoppe konnt, mécht eis immens stolz a mir sinn houfreg vill glécklech Gesiichter bei eise sëllegen Schéckiwwerreechungen ze gesin:
- 2017: 3.000€ un Een Häerz fir Kriibskrank Kanner
- 2018: 10.000€ un d’Kanner Wonsch ASBL
- 2019: 14.000€ un d’Schrëtt fir Schrëtt ASBL an 3.000€ un Een Häerz fir Kriibskrank Kanner
- 2020: 9.000€ un d’Schrëtt fir Schrëtt ASBL
- 2021: 14.000€ un Trauerwee ASBL an 3.000€ un d’Schrëtt fir Schrëtt ASBL
- 2022: 10.000€ un Trauerwee ASBL an 3.300€ un d’Schrëtt fir Schrëtt ASBL
- 2023: 10.000€ un Trauerwee ASBL
Dat mécht insgesamt 79.300€ déi mir vun 2017 bis haut spende konnten!
Wann dir eis als Sponsor oder mat engem Don ënnerstëtze wéilt, da géif eis dat immens freeën fir weider ville Kanner a schwéieren Zäiten ze hëllefen an hinnen e Laachen an d’Gesiicht ze zauberen.
Mammejongen ASBL