
Charity Pétanque 2025
Sam., 07. Juni
|Boulodrôme Mondorf-les-Bains
Déi nächst Edition vun onsem Charity Pétanque zu Munneref steet un! Wei emmer suerge mir fir ee gutt organiséiert Turnéier fir Ameteuren a Profien wou dir an Ekippen 2 géint 2 untriet. Brengt w.e.g är eegen Boulen mat Natierlech ass och rëm fir d'lessen, Gedrenks, gutt Stemmung an déi Kleng gesuergt


Wou & Wéini
07. Juni 2025 10:00 – 19:00
Boulodrôme Mondorf-les-Bains, 1 Rue Dr Jean Théodore Kirpach, 5620 Mondorf-les-Bains, Luxembourg
Iwwer dëst Event
Mat folgende Reegelen gëtt d'Turnéier ausgedroen:
Start vum Turnéier ass um 10h00.
De genaue Spillplang gëtt den Dag selwer vun eis ausgedeelt.
Als éischt geet et mat enger Gruppephase lass an dono gëtt am KO-System weider gespillt.
An der Gruppephase dauert 1 Match 15 Minutten an an der KO-Ronn 20 Minutten oder bis 1 Ekipp 13 Punkten erreecht huet (mat 2 Punkten Ënnerscheed). Déi Boulen déi een nach an der Hand huet, ginn ëmmer nach fäerdeg gespillt (och wann déi 15 oder 20 Minutten schonn ëm sinn).
D'Finall gëtt bis 13 Punkten an ouni eng Zäitbegrenzung gespillt.
Victoire: 3 Punkten ; Gläichspill: 1 Punkt ; Néierlag: 0 Punkten
Déi Ekippen déi no der Gruppephase (oder dono) erausfléien, invitéiere mer trotz allem nach bei eis ze bleiwen an e flotten Nomëtteg mat eis ze verbréngen. Dës Ekippen kënnen och weider aus Spaass op de fräien Terrainen géinteneen untrieden.
D'Ekippen arbitréiere sech sëlwer. Dofir appelléiere mir all d'Ekippen sech fair a sportlech ze verhalen. Bei enger knapper Decisioun, bei där sech d'Ekippen net eens sinn, kënnen d'Ekippen ee vun eise Memberen erbäiruffen an deen hëlt dann déi definitiv Entscheedung.
All Spiller spillt mat 3 Boulen (also 6 Boulen pro Ekipp).
Zäitspill ass net erlaabt. Och do appelléiere mer un de Fairplay.
Et gëtt 1 Punkt pro Boule déi méi no ass wéi di éischt bescht vum Géigner.
Mat "Schnick Schnack Schnuck" gëtt entscheet wien de Match ufänkt.
Deen de Cochonnet schéisst, schéisst och déi éischt Boule. Dann zitt déi aner Ekipp no an dono spillt ëmmer déi Ekipp déiam noosten um Cochonnet drun ass.NET
Dono däerf de Gewënner ërem de Cochonnet schéissen.